





Pausebuddien
- Kanner aus dem Cycle 4, déi eng Ausbildung vun 12 Stonnen hannert sech hunn an en entspriechenden Test bestanen hunn, däerfen als Pausebuddy am Schoulhaff täteg sinn.
- Op verschiddene Plaze vum Schoulhaff sti 5 Buddien, déi d’Situatioun am A behalen. Falls hinnen eppes opfällt, wat net de Pauseregelen entsprëcht, wenden si sech un déi betraffe Kanner. Bei Probleemer päife si an eng Trillerpäif an d’Surveillance gräift an. Trotz de Buddien halen d’Enseignante hir Surveillance weider.
