Schoulbibliothéik Albert Wingert

2026-10-09

D’Schoulbibliothéik vun der Albert Wingert bitt de Schüler eng grouss Auswiel vun iwwert 4.900 Bicher. D’Kanner aus dem C2 bis C4 kënnen hei Sachbicher, Romaner, Billerbicher, Fantasy- a Comicbicher op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch ausléinen. Donieft stinn och nach verschidde Wierker an anere Sproochen zur Verfügung.

D’Schüler aus dem C1 besichen all dräi Wochen d’Bibliothéik. Dobäi lauschtere si entweder enger Geschicht no oder si hunn Zäit, fir selwer duerch d’Bicher ze stöberen an nei Geschichten ze entdecken.

D’Klasse vum C2 bis C4 kommen eemol pro Trimester mat hirer Klass an d’Bibliothéik, wou si op interaktiv Aart a Weis nei Bicher kenneléieren. Mat Aktivitéiten ewéi Rallyen, Castingshows, Speeddatings oder Book Slams gëtt d’Liesen op eng motivéierend an ofwiesslungsräich Manéier gefërdert.

Och am Laf vum Schouljoer goufen et verschidden Aktiounen ronderëm d’Buch an d’Liesen.


Am Wanter konnten d’Schüler bei enger Lieszeechen-Aktioun kreativ ginn an zu engem geliesene Buch hiert eegent Lieszeechen gestalten.



Wéi all Joer huet de Cycle 4 och beim nationale Virliesconcours matgemaach. D’Elise hat hei mat sengem Text iwwerzeecht a huet eis Schoul an der Véirelsfinall vertrueden.



Am Fréijoer stoung dunn déi grouss Antolin-Challenge um Programm. Dobäi konnten d’Schüler – entweder eenzel oder als Klass – Quizer zu geliesene Bicher léisen an esou Antolin-Punkte sammelen. Vill Kanner hu mat grousser Begeeschterung matgemaach a si richteg Bicherwierm a Liesmais ginn. Insgesamt hunn 154 Schüler 2.870 Quizer gemaach an dobäi impressionnant 82.153 Punkte gesammelt.