Ouschtereeëraktioun 2026

2026-03-22

D’Léierpersonal vun de Précoce-Klassen aus der Gemeng Schëffleng huet och dëst Joer eng Ouschtereeëraktioun fir d’Kanner organiséiert.

Bei schéinem Wieder hunn ronn 180 Kanner zesumme mat hire Familljen de Schoulhaff vun der Albert Wingert Schoul mat Liewe gefëllt. D’Kanner haten vill Freed beim Siche vun den Ouschtereeër a konnten sech zum Schluss iwwer eng kleng Belounung freeën.

D’gutt Stëmmung an déi vill Bedeelegung hunn d’Aktioun zu engem flotte Succès gemaach.

Den Erléis vun dëser Aktioun geet un d’asbl Tam Tam White And Friends.