Précoce Schëffleng


De Precoce riicht sech un all Kanner, déi um 1. September vum Aschoulungsjoer hir 3 Joer hunn, an d’Aschreiwung an de Precoce ass net obligatoresch.

D’Ekipp vum Precoce (Enseignant an Educateur) soll de Kanner an hirer sozial-emotionaler a kognitiver Entwécklung hëllefen an d’lëtzebuergesch Sprooch fërderen.
Hei kënne si an engem flotten, spilleresche Kader hir alleréischt schoulesch Erfarunge sammelen.

D’Eltere vun de concernéierte Kanner gi vum Service scolaire vun der Gemeng Schëffleng am Ufank vum Joer ugeschriwwen a kënne mam Umeldungsformulaire hir Kanner fir d’Rentrée de 15. September aschreiwen. 


Am Moment funktionéieren zwee verschidde Precoce-Modeller an der Schëfflenger Gemeng:

  • De Basis-Modell ouni Maison relais (annexéiert un déi eenzel Schoulgebaier)

 

  • De Maison-relais-Modell um Site vun der Maison relais selwer mat enger Betreiung vun 7:00-19:00



Et ass bis elo nach net méiglech, säi Kand an de Precocen Albert Wingert, Nelly Stein and Lydie Schmit anzeschreiwen an och vun der Maison relais ze profitéieren.

 

!! Opgronn vun den Ëmbauaarbechten an de Schëfflenger Schoulen sinn d’Horairë vun de Schoulen decaléiert !



D’Horaire vun de verschiddene Schoulen


Méindes bis freides moies:
07h50 – 11h30


Méindes, mëttwochs a freides mëttes:
13h50 – 15h45
D’Mëtteger si fakultativ.


Gemittlechen Ufank an Accueil du midi
Gemittlechen Ufank:
Moies ab 07h25 kënnen d’Kanner vum Precoce an eisem Klassesall ukommen.


Dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert!


Accueil du midi:
Vun 11h30 bis 11h55 kënnen d’Kanner nach bei eis am Klassesall vum Accueil du midi profitéieren. Och dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert.

Méindes, mëttwochs a freides:
07h50 - 11h30 Schoul
11h30 - 13h50 Restaurant scolaire
13h50 - 15h45 Schoul
15h45 - 19h00 Maison relais


Dënschdes an donneschdes:
7h50 - 11h30 Schoul
11h30 - 13h30 Restaurant scolaire
13h30 - 19h00 Maison relais


Accueil du matin & gemittlechen Ufank
07h00 - 07h40 Accueil du matin. Dëse Service gëtt vun der Maison relais assuréiert.


Hei gëllen déi allgemeng Aschreiwungskonditioune vun der Maison relais.


Gemittlechen Ufank: Hei kënnen d'Kanner vum Précoce ab 07h25 an eisem Sall ukommen. Dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert.

Méindes bis freides moies:
8h05 - 11h45


Méindes, mëttwochs a freides mëttes:
14h00 – 16h00
D’Mëtteger si fakultativ.


Gemittlechen Ufank an Accueil du midi
Gemittlechen Ufank:
Moies ab 07h40 kënnen d’Kanner vum Precoce an eisem Klassesall ukommen.


Dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert

 

Accueil du midi:
Vun 11h45 bis 12h10 kënnen d’Kanner nach bei eis am Klassesall vum Accueil du midi profitéieren. Och dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert.

Méindes bis freides moies:
07h50 – 11h30


Méindes, mëttwochs a freides mëttes:
13h50 – 15h45
D’Mëtteger si fakultativ.


Gemittlechen Ufank an Accueil du midi
Gemittlechen Ufank:
Moies ab 07h25 kënnen d’Kanner vum Precoce an eisem Klassesall ukommen.


Dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert!


Accueil du midi:
Vun 11h30 bis 11h55 kënnen d’Kanner nach bei eis am Klassesall vum Accueil du midi profitéieren. Och dëse Service ass gratis a gëtt vum Precocepersonal assuréiert.