Nous allons peu à peu cesser de supporter votre navigateur Web.
Pour profiter de toutes les fonctions de ce site, EducDesign vous conseille d'effectuer une mise à jour sur la version actuelle d'un de ces navigateurs.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
www.schoulscheffleng.lu: Home > Philosophie
logo_450_58.gif spacer pixelkanner_300_58.gif
button_0_108_24s.gif button_1_106_24.gif button_2_106_24.gif button_3_139_24.gif button_4_96_24.gif button_5_96_24.gif button_6_94_24.gif spacer pixel
sub_0_1_101_23.gif sub_0_2_67_23.gif sub_0_3_75_23.gif sub_0_4_184_23.gif spacer pixel
spacer pixel
Du bass hei: Home > Philosophie

Schëffleng online


E Computer ouni Internetuschloss ass nëmmen eng hallef Saach, grad sou wier et mat enger Schoul ouni Internetpräsenz.
Duerch dës Internetsäit wëlle mir eis als Schoul no baussen hin présentéieren an Iech en Abléck, wann och just e kléngen, an d'Liewen an d'Schaffen an de Schëfflénger Schoulen gönnen.


bourgmestre01.gif spacer pixel

www.schoulscheffleng.lu


A Präsenz vum Schefferoot, an der Inspektesch gouf den 28. Februar den Internet-Site vun de schëfflenger Schoulen offiziell dem ganzen Léierpersonal viirgestallt.
Nodeems e Grupp vun Enseignanten sëch zesummefond hat fir de Schoulsite ze konzipéieren, as ët elo un allen Enseignanten sëch mat de neie Méiglechkeeten ze familiariséieren a mat de Kanner aktiv ze gin.
Fir dat ze erméiglechen, kréien d'Enseignanten och elo laafend Formatiounen ugebueden an och Hëllefstellung beim opsetzen vun Online-Projeten.


Méiglechkeeten vum Internet an der Schoul


Online sin huet zwee Aspekter: Huelen an awer och gin.
Wat aus dem World Wide Web fir d'Schoul an den Unterricht ze gebrauchen ass, dat muss all Dag frësch entdeckt gin, well d'Angeboter verduebelen sech vun Dag zu Dag.
Mir wëllen mat dëser Säit awer och eis Bereetschaft ënner Beweis stellen produktiv mam Medium Internet ëmzegoën.

Dozou e puer Beispiller:

Internet am Sproochenunterrëcht (Däitsch a Franséisch):
Wann en sech d'Haaptziel vum Sproochenunterrecht virun Aen hält, d.h. d'Vermëttlung vun enger Kommunikatiounsfähegkeet an der jeweileger Sprooch, da kënnt en eiser Meenung no net laanscht den Internet an d'E-mailen. "Language learning is language use", demno ass z. B. eng Klassekorrespondez iwer E-mail eng authentesch Kommunikatiounssituatioun, déi donierwt och nach héich motivéirend fir d'Kanner ass.

Publizéiren vun Texter, Biller, Projetën:
Wann en de Moment d'Hompage vun de lëtzebuerger Primairschoulen iwerflitt, stellt e fest, datt nëmmen wéineg Schoulen op hieren Internetsäiten erkenne loossen, datt do wierklech Kanner direkt un der Opstellung vun der Säit bedeelegt waren. Secher schwätzen oft gudd Grënn fir déi méi schnell an einfach Léisung vum "Selwer-Maachen" duerch den Schoulmeeschter oder d'Joffer, mee doduerch gin leider eng Partie wichteg pädagogesch Elementer, wéi Motivatioun, konkret Schreiwsituatioun, etc. verluer.
Mir sin der Meenung, mam sougenenannten Wiki-Manager op eiser Homepage, en Auswee aus dësem Dilemma fond ze hun. D'Fonctiounen an den Emgang mam Wiki-Manager sin esou "kannerliicht", datt mer de Kanner selwer den Optrag gin, hir Säiten selwer opzebauen an ze publizéieren. Beim Inhalt vun dësen Säiten geet et bestëmmt séier iwert den einfachen Text eraus, sou datt net nëmmer Fotoën a Biller d'Texter ergänzen, mee och kuerz Film- an Tounsequenzen.



home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 08/09/2010 @ 08:46:16 | visitors: 261712

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Schifflange