Du bass hei: Home > Philosophie
Schëffleng online E Computer ouni Internetuschloss ass nëmmen eng hallef Saach, grad sou wier et mat enger Schoul ouni Internetpräsenz. Duerch dës Internetsäit wëlle mir eis als Schoul no baussen hin présentéieren an Iech en Abléck, wann och just e kléngen, an d'Liewen an d'Schaffen an de Schëfflénger Schoulen gönnen.
|
|  | www.schoulscheffleng.lu A Präsenz vum Schefferoot, an der Inspektesch gouf den 28. Februar den Internet-Site vun de schëfflenger Schoulen offiziell dem ganzen Léierpersonal viirgestallt. Nodeems e Grupp vun Enseignanten sëch zesummefond hat fir de Schoulsite ze konzipéieren, as ët elo un allen Enseignanten sëch mat de neie Méiglechkeeten ze familiariséieren a mat de Kanner aktiv ze gin. Fir dat ze erméiglechen, kréien d'Enseignanten och elo laafend Formatiounen ugebueden an och Hëllefstellung beim opsetzen vun Online-Projeten. |
Méiglechkeeten vum Internet an der Schoul Online sin huet zwee Aspekter: Huelen an awer och gin. Wat aus dem World Wide Web fir d'Schoul an den Unterricht ze gebrauchen ass, dat muss all Dag frësch entdeckt gin, well d'Angeboter verduebelen sech vun Dag zu Dag. Mir wëllen mat dëser Säit awer och eis Bereetschaft ënner Beweis stellen produktiv mam Medium Internet ëmzegoën.
Dozou e puer Beispiller:
Internet am Sproochenunterrëcht (Däitsch a Franséisch): Wann en sech d'Haaptziel vum Sproochenunterrecht virun Aen hält, d.h. d'Vermëttlung vun enger Kommunikatiounsfähegkeet an der jeweileger Sprooch, da kënnt en eiser Meenung no net laanscht den Internet an d'E-mailen. "Language learning is language use", demno ass z. B. eng Klassekorrespondez iwer E-mail eng authentesch Kommunikatiounssituatioun, déi donierwt och nach héich motivéirend fir d'Kanner ass.
Publizéiren vun Texter, Biller, Projetën: Wann en de Moment d'Hompage vun de lëtzebuerger Primairschoulen iwerflitt, stellt e fest, datt nëmmen wéineg Schoulen op hieren Internetsäiten erkenne loossen, datt do wierklech Kanner direkt un der Opstellung vun der Säit bedeelegt waren. Secher schwätzen oft gudd Grënn fir déi méi schnell an einfach Léisung vum "Selwer-Maachen" duerch den Schoulmeeschter oder d'Joffer, mee doduerch gin leider eng Partie wichteg pädagogesch Elementer, wéi Motivatioun, konkret Schreiwsituatioun, etc. verluer. Mir sin der Meenung, mam sougenenannten Wiki-Manager op eiser Homepage, en Auswee aus dësem Dilemma fond ze hun. D'Fonctiounen an den Emgang mam Wiki-Manager sin esou "kannerliicht", datt mer de Kanner selwer den Optrag gin, hir Säiten selwer opzebauen an ze publizéieren. Beim Inhalt vun dësen Säiten geet et bestëmmt séier iwert den einfachen Text eraus, sou datt net nëmmer Fotoën a Biller d'Texter ergänzen, mee och kuerz Film- an Tounsequenzen.
|