 |  |
Wëllkomm bei de Schoule vu Schëffleng Hei sidd der op der Internetsäit vun de Schëfflenger Schoulen. Braucht dir Informatiounen iwwert eis Schoulen a Klassen, Aarbechten a Projete vun de Schüler an Enseignanten, da sidd der hei genau richteg. Weiderhi fannt der och nëtzlech Informatiounen zu de Servicer vun der Gemeng.
Niewend der Informatiounsvermëttlung ass des Internetsäit awer och eng Plattform, wou d'Kanner aktiv zesumme schaffe kënnen. Méi Informatiounen doriwwer ënner Aktiv-Web.
Dir kënnt awer och selwer aktiv ginn an eis eng Réckmeldung schreiwen oder un enger Diskussioun deelhuelen.
|
Website Schoulscheffleng - Formatioun an Informatioun >> 28 février 2005
 |  | Zesumme mam Léierpersonal, invitéiert d'Gemeng all d'Enseignanten aus der Gemeng op dës Informatiounsversammlung. Nodeems e Grupp vun Enseignanten sëch zesumme gesaat huet, fir d'Struktur vum Internet-Site zesummen ze plange as elo de Moment komm fir dat jiddereen sëch kann vun den neie Méiglechkeeten e Bild machen. Dozou gehéiert d'Publizéieren an engem Programm deen sëch Webbook nennt, an dee scho vum Ënnergrad un vun de Kanner ka bedingt gin. Eng aaner Méiglechkeet as de Wiki-Programm. Doran kann ee zu vill zesummen un engem Projet schaffen, a vu Billergallerien bis Inhaltsverzeechnesser oder online-Questionnairen all Méiglechkeeten notzen. D'Ariichten an d'Publzéieren vun Datebanken fir d'Gestioun vu Bicher an didakteschem Material as och ganz einfach méiglech. E flott Beispill as schon an der Bibliothéik vun der Schoul Millchen ze gesin. D'Biller déi um Website solle benotzt gin an Dokumenter, déi een jidderengem wëll verfügbar machen (Formulairen, Rapporten, Prüfungen, Aarbechtsfichen asw.) kann een am Archiv stockéieren.
|
| Bibliothéik >> 21 janvier 2005
 |  | An 3 Séancen hu mer an der Schoul Millchen d'Bicher vun eiser Bibliothéik an eng Datebank agedroen. Am ganzen hu mir zu 3 bis 4 Leit 3 mol 2 Stonne gebraucht. Dofir sin awer elo och all wichteg Informatiounen zu engem Buch an der Datebank ze fannen. Elo kann een doran sichen an de Prêt organiséieren. D'Bicherlëscht as och iwwert d'Internsäit verfügbar: Bibliothéik vun der Schoul Millchen
|
| Formatioun >> 16 décembre 2004
 |  | Formatioun an Informatioun zum Website. Mir kuken nach eng kéier d'Méiglechkeeten fir um Web mat dem Wiki- an dem Webbook-Programm zu publizéieren. Wann Leit do sin, déi sech méi ëm den allgemengen Inhalt bekëmmeren, kuke mer och nach wéi de Website administréiert gët an Inhalter aktualiséiert kënne gin.
|
| Formatioun >> 14 décembre 2004
 |  | D'Méiglechkeeten vum neie Website fir den Enseignement Précoce an de Préscolaire. D'Konzeptentwécklung fir d'Bibliothéik online ze bréngen an déi nei Bicher direkt an der Datebank ze archivéieren.
|
|
Visualisation de 4 sur 104 éléments sur la page 21 de 21
( première | précédente | suivante | dernière )
Statistik Op eisem Website ginn et am Moment 47 Säiten, dovun 997 Säiten an 133 Projeten déi vu Kanner an Enseignante gemaach goufen. Deen aktuellsten Wiki Projet ass am Moment Cycle1-2010-11-Heinz-F vum (10/08/2010).
Images edited with: 
|  | Um Site sichen:
Login:
|